Sie sind hier

Budget 2017: Stellungnahm vun der DP Fraktioun: Claude Wagner, René Sertznig a Patrick Frieden

News Budget/Finanzen Claude Wagner René Sertznig Patrick Frieden

Kuerz Aleedung:

Ufanks November 2016 soot de Wolfram LEIBE, O.B. zu Tréier: „Der Finanzhaushalt ist keine Wunschliste. Wir brauchen mehr Ehrlichkeit und sollten uns nur die Maβnahmen vornehmen, die wir auch realisieren können.“ Mir kommen herno op des Ausso zréck.

Als Erënnerung: een Ausso vun der CSV Maacher an eener Publikatioun vum Joer 2003: Titel: steuert die Gemeinde Grevenmacher einem finanziellen Fiasko zu?   2 Passagen erausgepickt:

„Die DP/LSAP Majorität gaukelt vor, im Schlaraffenland zu leben. So wird versucht, dem Wähler Sand in die Augen zu streuen.“ An „Es genügt nicht, die Ausgaben gewollt durch eine sogenannte Beglückungspolitik oder aber ungewollt durch Nachlässigkeit oder Unachtsamkeit dauernd in die Höhe zu treiben, ohne auch das finanzielle Gleichgewicht in Erwägung zu ziehen. Man sollte nicht leichtfertig mit den öffentlichen Geldern (es sind die Steuern der Bürger, die aus ihrem Einkommen stammen) umgehen.“

Wéi d’Zäiten dach änneren!

An elo zum Budget rectifié 2016 an zum Budget 2017

Wa giff Positioun fir Positioun ofgestëmmt gin: DP Maacher giff een etlech Positiounen matstëmmen, weil een ganz Rëtsch vu Projeeën gin op Initiativen vun der vireger DP/LSAP Majoritéit zréck: z. Bsp.

  • Zéintscheier: Projet woar schon an der Prozedur
  • Wunnungsbaupakt: Konventioun mam Ministère woar schon ofgeschloss
  • Ënnerirdesche Parking: Gespréicher woare schon mat de Responsablen vun der SNHBM gefouert gin
  • PAP Pietert: de Bureau d’Etudes hat schon een Etude de faisabilité ausgeschafft
  • PAG: Bureau Witry an CO3 woare schon beoptragt fir ze iwerschaffen
  • Vergréisserung vun der kommunaler Gewerbezon op Potaschberg woar schon an de Wee geleet
  • Sporthaal op Flohr: stung schon an iisem Programm virun de Wahlen 2011, Déi Zäit hat d’CSV nach vun eem Ausbau vum Sport- a Kulturzentrum geschwat
  • Sanéierung Ruederbach a Kanalisatiounsarbechten: Projet woar um Instanzewee an as joarelang bei de staatlechen Instanzen hänke bliewen
  • Kläranlag woar beschlosse Saach
  • Idi Wäipavillon: woar schon vum Bureau CO3 skizzéiert a Plattform woar scho virgesin
  • Soziale Wunnungbau an der Syr mat Opwäertung vum Tuurm an der aaler Stadmauer: Konventiounen mat de staatlechen Instanze woaren ënnerschriwen an de Romain Schmiz hat de Projet ausgeschafft
  • Quelleschutz a Quellefaassung um Geyeschhuef: de Bureau d’Etudes woar schon um Schaffen
  • Erweiderung vun der Maison Relais: néideg Terraiën woare scho kaaf fir des Erweiderung ze erméiglechen

…..Fir emol déi ze nennen.

Wa mir de Budget rectifié 2016 an de Budget 2017 trotzdem net matstëmmen, weil eben net Positioun fir Positioun, mee iwer d’Dokumenter am Ganzen ofgestëmmt get, dann hu mir een Rei vun Ursaachen:

Mir fänken un mat däer vun CSV/déi gréng geschaafener Finanzsituatioun, verursacht dorech joarelang Begléckungspolitik:

  • nei Emprunts am Zäitraum 2011-2017: a 6 Joer: 21,5 Mio

am Verglach: déi fréier DP/LSAP Majoritéit hat an 12 Joar:  14,8 Mio € Emprunts nei opgeholl.

    Schold pro Koop läit laut budgetärer Schätzung Enn 2017 bei 5.321€

     (neie Rekord fir Maacher)

    Vun deenen 26,2 Mio € verbleiwender Schold Enn 2017 bleiwen 5.877.000 € vun de Joaren 2000-2011 zréckzebezuelen, 20,3 Mio bleiwen vun dëser Mandatspériod.

    Annuitéiten gin am Joar 2017 em net manner wéi 30% an d’Luut!

Da loosse mir alt bieden, datt d’Zënsen esou nidreg bleiwen wéi se aktuell sen!

 

Kuerz zum ordinaire Budget 2017:

  • D‘Masse salariale as vum Kont 2015 am Verglach zum Budget 2017: vu 6.271.000 op 7.035.000 € erop gang, dat mëcht e plus vun 12,2% a ronn 2 Joar aus!
  • Gestion des déchets:

  Ausgowen: Rectifié 2016: 769.000€   Budget 2017: 810.000€ (+5,3% an 1 Joar)

  Recetten:   bleiwen awer an deenen 2 Exercicen bei 679.000 €: wann do de Prinzip
            „pollueur-payeur“ gëlt: kënnt d‘Iwerraschung fir d‘Haushalter eréicht no de Wahlen?

  • Sporthalen gin d’nächst Joer em 19,5% méi deier, wäert an deene kommende Joaren nach an d’Luut gon, wann di nei Haal a Betrieb as
  • Piscine: e Plus vun 22% an eem Joer!
  • Fêtes Publiques: Plus vun 22% och an eem Joer!

Et bréngt näischt, nach méi an den Détail ze gon.

Am Budget extraordinaire 2017 se mir kloer degéint, zur jetzëger Zäit d’Phase II um Moart ze réaliséieren. Mir brauchen net nach een Kéier drop anzegon. E WC Public hätt een z. Bsp. och kënnen hannert dat alt Stadhaus ubauen.

Op een ganz Rei aner Projeeën elo esou virdrénglech sen, datt se elo onbedéngt mussen mat geléinte Suën réaliséiert gin, muss een am Kontext mam PPIF (plan pluriannuel d’investissement et de financement) kucken. Och se mir der Meenung, datt een der Gemeen d’Zäit muss loossen, fir kënnen ze otmen, datt zurzäit zevill mateneen réaliséiert get an de Leit zevill zougemout get!

Mir kommen zréck op d’Ausso vum O.B. vun Tréier: ‚nëmme Moossnahme virzehollen, déi mir och kënne réaliséieren‘!!

Dofir wëlle mir no vir kucken a Projeeën a Betracht zéien, déi wëreklech fir Maacher wichteg sen a gin, am Sënn vun der Stadentwécklung, mat Bléck op d’Aufgaben vun eem Centre de Développement et d’Attractivité. Mir zielen, fir konkret ze gin, e puer kästenintensiv Projeeën op, déi d’Gemeen iwer d’Joer 2017 ewech wäerten beschäftegen:

  • Athletikpiste um Stadion: Devis vun 544.000€ huet de Schäfferot virgesin fir 2018
  • Regional Musikschoul am Osbourg-Haus: 2017 : 600.000€ fir Etuden an Ufank vun den Arbechten: En Devis hu mir nach net gesin, awer de Betrag fir 2017 geet sëcher net duer
  • Part vun der Gemeen um PAP Pietert fir de soziale Volet (muss mindestens 10% vum Gesamtprojet ausmachen)
  • Ausbau vum Centre Culturel mat Ariichtung vun eem néideg gebrauchte Sall fir Konzerten, Konferenzen a soss Aktivitéiten
  • Ënnerirdesche Parking um Site vum aale Spidol: Ex. 2016+2017: 1.128.500€Do kënnt nach méi e grousse Montant no
  • Aménagement vu Parkings, fir déi elo de Schäfferot Etuden an Optrag get
  • De Moart, Phase III – also dat richteg ‚Filetstéck‘
  • Nei Gemeenenateliers op Flohr
  • Kläranlang wäert iis nach beschäftegen mat lokalen Kanalisatiounsarbechten
  • Muselpromenad: och no 2017 get nach investéiert
  • Gemeenestroossenetz … een Konstant, a mat den domat verbonnenen Infrastrukturarbechten, déi och schon emol fir een béis Iwerraschung goud sen!
  • Waasserversorgung a Quelleschutz + Quellen-Neifaassungen
  • Infrastrukturen fir Ausbau vun der Zone artisanale communale Potaschberg
  • Mir woën emol net, op touristeschem Plang vun eener Jugendherberg ze dreemen, oder vun Emplacementer fir Campingcar an och vun Infrastrukturen, datt Kabinenschëffer kënnen zu Maacher uleeën oni zevill d‘Emwelt ze belaasten

Do as am PPIF, dee mir 2016 présentéiert kréit hun, villes net dran oder mat bescheidene Beträg, déi nëmmen e kleenen Deel vun den ufaalenden Ausgowen ausmachen.

Mir se goud beroden, di een oder aner nëtzlech Realisatioun emol zréckzestellen bis mir wëssen, datt a wéi déi grouss a wëreklech wichteg Projeeën kënnen finanzéiert gin.

Do geet et net duer, ze son, datt mir en ordentleche Boni ordinaire hun.

Gott sei Dank hu mir den! Dorech een goud fonktionéierend national Economie, an och dorech e reforméiert Gemeenefinanzéierungsgesetz, dat Maacher an Zukunft méi Akommes vun de staatlechen Zouwendung bescheert. E Gesetz, dat am Kontext vun der Landesplanung a Betracht zéit, datt Gemeenen mat urbanem Charakter méi mussen an Infrastrukturen investéieren wéi ländlech geprägten Gemeenen.

Vu datt iis di aktuell Majoritéit mat hierem Budget een aner Vue vu finanztechnescher Opfaassung präsentéiert, kënne mir weder de Budget rectifié 2016 nach de Budget 2017 matstëmmen.

D’Gemeeneréit, Membren vun der DP Maacher: Claude Wagner, René Sertznig, Patrick Frieden